LOADING ...

Den Dag vun der oppener Dier

Song info

"Den Dag vun der oppener Dier" (2018)

"Den Dag vun der oppener Dier" Videos

De Läb - Den Dag Vun Der Oppener Dier (Loose Body Parts re-vive)
De Läb - Den Dag Vun Der Oppener Dier (Loose Body Parts re-vive)
DE LÄB - Den Dag vun der oppener Dier (Live)
DE LÄB - Den Dag vun der oppener Dier (Live)
Den Dag Vun Der Oppener Dier (Loose Body Parts Re-Vive)
Den Dag Vun Der Oppener Dier (Loose Body Parts Re-Vive)
Den Dag vun der oppener Dier (feat. Sun Glitters)
Den Dag vun der oppener Dier (feat. Sun Glitters)
De Läb - Den Dag vun der oppener Dier - Shok13 remix
De Läb - Den Dag vun der oppener Dier - Shok13 remix
deläb den dag fun der oppener dier (lyrics)
deläb den dag fun der oppener dier (lyrics)
De Läb - D'Stëbslong (2011)
De Läb - D'Stëbslong (2011)
De Läb
De Läb
De Läb - Daag vun der opener Dier (loose bodyparts remix)
De Läb - Daag vun der opener Dier (loose bodyparts remix)
Den Hännes
Den Hännes
De läb
De läb
De läb
De läb
Den Decken an Den Dënnen
Den Decken an Den Dënnen
Pasta vun der Nonna
Pasta vun der Nonna
letzebuerg
letzebuerg
Top Songs - De Läb
Top Songs - De Läb
De Läb - Mai léift Letzebuerg.wmv
De Läb - Mai léift Letzebuerg.wmv
De Läb - Den Dëcken An Den Dënnen
De Läb - Den Dëcken An Den Dënnen
__dlëtzen__
__dlëtzen__
De Läb - De stolze Bauer feat. Yves Schmartz
De Läb - De stolze Bauer feat. Yves Schmartz

Lyrics

Et wor eemol en Haus mat enger schéiner Fassad,
mat engem klenge Virgaart, mat moofe Schäiner um Bam.
"Pëtz mech mol!", mä erwächt sinn ech net aus deem Dram.
Eng gëlle Fra sot: "Kommt eran!", a mär si gaang.

Et wor ee klengt Haus mat ville koloréierten Zëmmeren,
mä dee groe Schleier wollt hier Faarwen um Blénken hënneren.
D'Ambiance am Ënneren, déi wuar nawell e bësse latzeg,
well ouni Kommunikatioun ginn déi grellsten Téin och blatzeg.

De groe Schleier hat sech wéi e Film op meng Haut geluet
an op eemol hunn ech e Gefill vu Sécherheet verspuert.
Si gouf zur Sucht, déi Alldag a Liewe kontrolléiert,
alles ass liberal, mä näischt ass toleréiert.

Eng unzéiend Kraaft, wou dëse Schleier hat,
Friemer wuaren all Dag op Besuch an owes nees op der Heemfahrt.
Mee d'Heemechtssprooch gouf net oft geschwat,
do huet e roude Léiw de rout-wäiss-bloe Fändel verbrannt am Gaart.

Ee Privileg, deen een an dësem Haus ka genéissen,
datt een haut um Menü zwou Sproochen am Pass ka begréissen.
Hei schaffen déi mannst fir e sou genannten Hongerloun,
Als Dessert gëtt et schliisslech en 13. Mount.

Mä eppes un deem Schleier wuar ons schleierhaft.
D'Fro wuar, firwat ee just als Fiffi fir sou deier schafft.
Vum Schäi bedrunn, dëst wuar net d'Gerechtegkeet!
E grousse Kuch wuar do, mä d'Stécker goufen net gerecht gedeelt.

Als Bewunner beschränks de dech op dat Materiellt;
du weess zwar net, wat dobausse leeft, mä de Fernseh ass d'Fënster zur Welt.
Do koum eng statesch Figur fir d'Symbolik vun dësem Haus,
elo fille mer eis doheem, well de Fändel hänkt eraus.

3 Mol Lëtzebuerg, wéi fréier ënnert de Brongen.
Mär hunn zesumme gehal, dat huet och deemools gutt geklongen.
An eis Nonno'en an de Minen, ouni si wier d'Haus mol net gebaut,
Respekt aus déifster Broscht, gëllt hinnen och nach haut.


Albums has song "Den Dag vun der oppener Dier"