LOADING ...

Looss dech goen

Song info

"Looss dech goen" (2018)

"Looss dech goen" Videos

De Läb - Loss Dech Goen feat. Sascha Ley
De Läb - Loss Dech Goen feat. Sascha Ley
Loss Dech Goen (feat. Feat. Sascha Ley)
Loss Dech Goen (feat. Feat. Sascha Ley)
De Läb - Den Dag Vun Der Oppener Dier (Loose Body Parts re-vive)
De Läb - Den Dag Vun Der Oppener Dier (Loose Body Parts re-vive)
De Läb - Pensionéiert Futtballisten
De Läb - Pensionéiert Futtballisten
De Läb - Waarm Gedanken
De Läb - Waarm Gedanken
De Läb - Feck de Villchen ( ft. 4i2i )  (D'Stëbslong)
De Läb - Feck de Villchen ( ft. 4i2i ) (D'Stëbslong)
De Läb - Den Dëcken An Den Dënnen
De Läb - Den Dëcken An Den Dënnen
De Läb - Topic
De Läb - Topic
Den Dag vun der oppener Dier
Den Dag vun der oppener Dier
Den Dag Vun Der Oppener Dier (Loose Body Parts Re-Vive)
Den Dag Vun Der Oppener Dier (Loose Body Parts Re-Vive)
De Läb - De Schmu
De Läb - De Schmu
De Läb - De Kueb
De Läb - De Kueb
De Läb - Déi falsch Schlaang feat. Deborah Lehnen
De Läb - Déi falsch Schlaang feat. Deborah Lehnen
De Stolze Bauer (feat. Yves Schmartz)
De Stolze Bauer (feat. Yves Schmartz)
De Läb - Lunten
De Läb - Lunten
De Läb - C-Prominent
De Läb - C-Prominent
De Läb - Speck in the game
De Läb - Speck in the game
DE LäB feat. N.U&.Z.I an EDEL WEIS - Stebslongen
DE LäB feat. N.U&.Z.I an EDEL WEIS - Stebslongen
De Läb - Polit'hiks
De Läb - Polit'hiks
Ons Heemecht, Minett!
Ons Heemecht, Minett!

Lyrics

Looss dech goen a schalt e Gang zeréck,
déi ganz Hektik brécht dach iergendwann däi Genéck.
Ronderëm däi Kapp leeft de Stress am Groussstaddschungel,
mä gleef mer, du befreis dech vun all deem ganze Rummel.
Wann s du lass léiss, Alen, ech wäert der net fléiwen,
ma lee dech einfach op de Réck a spill mat dengen Zéiwen.
Däi Feierowend brauch net onrelax ze enden,
d'Liewen ass ze kostbar, fir kee Moment ze verschwenden.
Fënnef schéi Minutte fir den Dag ze vollenden,
d'Schicksal ass keng Auer, mä looss dech awer mol pendelen.
Well nëmmen eenzeg deng Gedanke si fräi,
dofir flücht esou wäit et nëmme geet.
Gëff mol labber, well soss vrecks du nach hei u Steifheet,
lee dech zeréck a relax, maach der mol eng steif Freed.
Bau kee Miesen, wann der erëm den Hype feelt,
mä bau der e Gudden, deen duerch däi ganze Läif geet.

Looss dech goen, du hues haut genuch gelidden,
looss Waasser alafen a fann däi Fridden an der Bidden.
Dëst ka wouer Wonner vollbréngen,
't geet och ouni, du muss däin Owend net ëmmer voll verbréngen.
Looss d'Sonn schéngen, och wa keng do ass,
genéiss all Otemzuch a waart net, bis de gro bass!
Looss dee ganze Ballast emol lass,
maach d'Aen zou, deng Fantasie baut der schonn däin eegent Schlass.
Jidderee brauch Selbstbestëmmung a seng Dreem,
an deng ënner Stëmm seet der, du brauchs haut just däin Doheem,
an en Deel vum Schaffen ass d'Konscht, sech auszerouen,
huel der deng Rou a Rou, däi Feierowend auszeflowen.
Dësen Owend gehéiert eleng nëmmen där,
den Hung ass nach net um Kréinen a ween huet scho säi Wecker gär?
't ass vläit net d'Léisung, mä dëst Lidd wäert scho Recht hunn,
well haut maache mer allem Stress e Stréch duerch d'Rechnung.


Albums has song "Looss dech goen"