Ech loossen fauchen, ech bleiwe léiwer oft de Stommen, well jidderee wëll tauchen, mä bal ass fräigeschwommen. Ech soen et eemol, mech kanns de net vernennen, ech ebe wéi eng Tefals-Pan, ech loossen näischt ubrennen.
Eis Influenze krute mer aus dem Papp senger verierft, ass keng Musek, et ass ee Gefill, wat ee lieft. An eis stierft net aus, et ass jo kee Latäin, genéiss Sound op der Couch an engem Pätsche Wäin.
Mär fëllen däi Kamäin, um Mikro sinn ech bësseg, well soulaang de Schlauch drëpst, bleift heite flësseg. Also stëppel net, du Krëppel, ech lénken dengem i den Tëppel. An steet...
Deng Ouere kréien Aen, wann ech de mat menge Wierder fierwen. Wat wëlls de man, wann ech aus der Realitéit eraushiewen? Dat geet un all Strummert Bonzekand, komm danz op eise Frequenzen a fill dech wéi am Wonnerland.
Meng Sënner duerch d'Land ewéi an der Bibel d'Nomaden, ech balancéieren um dënne Fuedem, do wou d'Leit sech en erwaarden. Fir mech zielt de Moment, Lifestyle ass improviséiert, d'Haaptsaach, d'Beats si programméiert; kee Plang, wat passéiert.
Ech meng Gorgée, fir aus mir erauszeklammen, de Kueb wäert elo aus Nascht verschwannen. D'Flilleke gespëtzt, a prett fir an der z'erbléien, wann hie seng Erfahrunge mécht, ma da hien och fléien.
Dag fir Dag, mär d'Lat méi héich ze leeën, wann ech op der wäiss Flecke verdeelen. Et reenen Dünger fir den hongerege Buedem, och wann d'Pänz u Chrëschtdag rëm iwwerlueden.
Ech mole mäi gielen Numm an de an dëser Wanterzäit, a wann d'Kand erëm jäizt, da weess d'Mamm, et ass souwäit. De Kueb ass rëm do an ëmkreest Eck, de vum Sproochgesang ewéi de Scholesch Eck.