Ech loossen fauchen, ech bleiwe léiwer oft de Stommen, jidderee wëll tauchen, mä bal keen ass fräigeschwommen. Ech soen et just eemol, mech de net vernennen, ech sinn ebe wéi eng Tefals-Pan, ech loossen ubrennen.
Eis Influenze mer aus dem Papp senger Kollektioun verierft, Hiphop ass Musek, et ass ee Gefill, wat ee lieft. An eis Sprooch net aus, et ass jo kee Latäin, genéiss eise Sound op der Couch an Pätsche Wäin.
fëllen däi Kamäin, well um Mikro sinn ech bësseg, well de Schlauch drëpst, bleift deen heite flësseg. stëppel net, du Krëppel, oder ech lénken dengem i den Tëppel. An steet...
Deng Ouere kréien Aen, ech de Beat mat menge Wierder fierwen. Wat de man, wann ech dech aus der Realitéit eraushiewen? Dat geet un all Strummert Bonzekand, komm danz op eise Frequenzen a fill wéi d'Alice am Wonnerland.
Meng reesen duerch d'Land ewéi an der Bibel d'Nomaden, ech balancéieren um dënne Fuedem, do wou d'Leit en Equiliber erwaarden. Fir mech zielt de Moment, mäi ass improviséiert, d'Haaptsaach, si programméiert; kee Plang, wat muer passéiert.
Ech meng Gorgée, fir aus mir erauszeklammen, de Kueb elo aus sengem Nascht verschwannen. D'Flilleke gespëtzt, a fir an der Minett z'erbléien, wann hie seng mécht, ma da loosst hien och fléien.
Probéieren Dag fir Dag, mär d'Lat méi ze leeën, wann ech op der Landkaart Flecke verdeelen. Et reenen Dünger fir den hongerege Buedem, och wann d'Pänz sech u rëm iwwerlueden.
Ech mole mäi gielen an de Schnéi an dëser Wanterzäit, a wann d'Kand erëm jäizt, da weess d'Mamm, et ass souwäit. De Kueb ass do an ëmkreest säin Eck, de Monopol vum Sproochgesang ewéi de Eck.